De Comité vum 385th Bomb Group Memorial Musee vu Pärel hat den 16. Juli op hir Porte ouverte vum renovéierten Musee invitéiert. No der offizieller Zeremonie mat Blummenidderleeung beim Denkmal a Präsenz vun enger Delegatioun vun der Air Base Spangdahlem - der Aweihung vun enger Gedenkplack war d'Ouverture vum Musee. De ganzen Dag waren och Militärgefierer vun verschidden Associatiounen ze bewonneren. Fir Iessen a Gedrénks hat de Club des Jeunes Pärel an d'Amicale Pompjeeën Pärel- Wolwen bëschtens gesuergt. Géint Mëtteg huet Fanfare Holtz ënnert der Leedung vum Putty Fischer e flotte Concert offréiert. (CR (Fotoen: Charel Reiser)