„Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ : CaraMia-Rousen eroberen elo Lëtzebuerg

Kierzlech huet de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl“ – no Beemerchersverkaf a Käerjenger Chrëschtmaart - eng drëtte Kéier am Dezember zougeschloen: 56 Rousestäck sinn nees uechter d‘Land geliwwert ginn, an dat ganz bequeem, bis virun d’Hausdier. Mat dobäi loung dann ëmmer eng praktesch Beschreiwung, wéi d’Rous optimal gesat a versuergt soll ginn.

„CaraMia“ ass e richtegen „eye-catcher“: mat hire faarwege Bléien, déi tëscht korallerout, orange, rosa a giel changéieren, a mat engem douce Doft no Freesien, mécht si sech direkt beléift. Beiefrëndlech? Ass si natierlech och. De Clou: esouguer op der Mousel hunn elo eng Partie CaraMia-Rousen een neit Doheem fonnt. Ass dat net schéin?

A wat stécht hanner dëser Aktivitéit? Vill Asaz vun de Membere vun dësem sympatheschen Uewerkäerjenger Veräin - eng motivéiert Ekipp, bei där all Handgrëff sëtzt, vun der Virbestellung bis hin zur perséinlecher Liwwerung.

Wien elo nach Froen huet, de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng asbl“ ënnerstëtzen oder Member gi wëll oder esouguer Loscht huet, selwer matzemaachen (vläicht am Comité?), ka sech gären zu Wuert mellen: ënner c.kieffer@tuta.com oder (+352) 661 271 070.

E klengen Tipp zum Schluss: Wien nach keng CaraMia huet, ka sech gären iwwer Nobestellungen informéieren. Déi fir dat kommend Joer lafe schonn.