A schonn ass de Käerjenger Chrëschtmaart nees passé. D‘Croix-Rouge, sl Bascharage, war dann elo domat fir eng zweete Kéier - mat vollem Elan - dobäi. Ganzen dräi Deeg um Stéck. Huet een dat am leschte Joer nach als kleng Testphas ugesinn, esou kann een elo soen: Si si richteg ukomm!
Hire Stand war des Kéier - strategesch gutt gewielt - direkt niewent hire Frënn vum “Gaart an Heem Uewerkäerjeng”. Déi gutt Zesummenaarbecht hat och schonn am Summer beim “Käerjeng Live 2024” wonnerbar funktionéiert.
Um Menü? Eng schmanteg Kürbis-Maronen-Zopp, mat Häerz a Gedold vum Vizepräsident Roger Hutmacher a Josette Goldschmit preparéiert – eng Spezialitéit, déi esou gutt ukomm ass, datt d’Dëppen bal méi séier eidel war wéi ee kucke konnt. Fir déi, déi ët gären ë bëssi méi kräfteg haten, gouf et eng Schampes-Bowle – och déi hat grousse Succès. Eng gesond Alternativ gouf et dann awer och : Waasser. Witzegerweis hat nët eng eenzeg anere Associatioun hat des Optioun an hirer Offer.
Och der Croix-Rouge hiert Motto "Mënschen hëllefen" gouf zu Käerjeng lieweg ëmgesat. Um Stand huet et vun internationale Gespréicher (“Google Translator” sei Dank) nëmmen esou gesummt. Eng Erënnerung dorun, wéi wichteg Integratioun an Zesummenhalt sinn – och bannent engem Comité.
De Käerjenger Chrëschtmaart, fir d’Croix-Rouge, sl Bascharage engersäits eng weider flott Geleeënheet, fir d’Visibilitéit vun der Croix-Rouge weider auszebauen, anerersäits en wëllkomme Geleeënheet, Frëndschaft an Zesummenhalt nees no vir ze réckelen. Och dat ass e weidere Succès. De Fazit an zwee Wieder : „… à refaire ...“
De Comité vun der Croix-Rouge, sl Bascharage setzt sech zesummen aus folgende Leit: Marc Jacoby (President), Roger Hutmacher (Vize-President a Secrétaire ff.), Christophe Kieffer (Trésorier) an de Memberen Jalel Bouazizi, Marie-Jeanne Schambourg a Josette Goldschmit. Wien Froen huet, ënnerstetzen an/oder aktiv matmaache well, ka sech gären un „ roger.hutmacher@croix-rouge.lu “ adresséieren.