Freides owes, zweete Weekend am Dezember. Ganz Käerjeng ass eidel…. Ganz? Neen! Alles wat Rang an Numm huet ass op der Claus-Cito-Plaz. Festlech ass hei alles decoréiert, Chrëschtmaart ass rëm ugesot. Kleng, fein an ee vun deene schéinste wäit a breet. 24 lokal Veräiner ginn alles, Live-Animatioun gëtt et och. Matten dran, …, de „Gaart an Heem“ vun Uewerkäerjeng. Virun de Chalet‘en heft souzesoen een deen aneren an d‘Luucht. An dach, de Veräin behält hei ëmmer d‘Iwwersiicht. Ob Chrëschtbeemercher (mat Liwwerservice), Clemoncello, Viz-Punsch, Glühwäin, Gebeess, Hausmaacher-Wëldpâté, Spare-Ribbs an/oder Haxen (selbstverständlech mat Bäilagen zerwéiert), fir jiddwer Mënsch ass eppes dobäi. D‘Lat gouf nees héich geluecht. Am Gewulls gi Probéier-Häppercher ugebueden. Dynamesch Dammen mat Charme bidden all dës Köstlechkeeten un. Op Wonsch gëtt vakuuméiert – och ganz Menü‘en, fir matzehuelen. Eppes Weideres stécht dann nach, vu wäitem, an d‘An: deen imposante Smoker, a vollem Asaz. Hei ass een voll am Damp. Bei alledeem kënnt eent net ze kuerz, eng immens Gentilesse. Gesellegkeet gëtt grouss geschriwwen.
Vill zefriddene Gesiichter gi Gewëssheet, de Veräin huet net alles falsch gemaach. A wat ass muer? Samschdeg, da geet et weider. An ë Sonndeg och….