1monthfree

Generalversammlung

Réckbléck bei Clausen an Neiduerf-Weimeschhaffer Musek

De President vun der Neiduerf-Weimeschhaffer Musek, Marc Angel, huet den André Heinen, President, vun der Clausener Musek, vun der UGDA an der USMVL, souwéi d‘Membere vun deenen zwou Museken, op der Generalversammlung begréisst. Uschléissend eng Gedenkminutt fir déi Verstuerwe Membere vun der Musek. Mat Mercie goung et weider un d’Musikanten, dem Comité, fir hiren Asaz wärend dem vergaangene Joer. E spezielle Merci war fir den neie Chef, Charel Krysatis, deen am September Direktioun vun der FOFA iwwerholl huet vum Jean Marie Thein. Dem Jean Marie, och nach e Merci fir seng flott Iwwergangs Aarbecht als Chef. D’Sekretärin, Joelle Flammang, huet mat engem klenge Resumé vun der leschter Generalversammlung ugefaangen an uschléissend den Aktivitéitsbericht vum vergaangene Joer virgedroen. Verschidde Concerte fir dëst Joer stinn och scho fest an en éischte Concert mat engem grousse Succès war schonn den 2. Mäerz, nämlech de „Wanterconcert“ mat Schülerauditioun, ënnert der neier Direktioun vum Charel Krysatis. Weider Optrëtter sinn den 8. Juni, onsen traditionellen „Mammendag Concert“ op der Plëss, 14. Juni Summerfest vun de „Kiemer Schof“ um Kiem an de Concert fir de „Belschen Nationalfeierdag“ op der Plëss. Donieft nach deen traditionellen Hämmelsmarsch a Clausen, Neiduerf, Weimeschhaff. Mir si besonnesch houfreg fir matzedeelen dass mer elo och e klenge Jugendorchester hunn, deen och op verschiddene Concerte wäert Present sinn an alles ënnert der Leedung vum Charel Krysatis. An der Keess konnt en equilibréierte Bilan vun de Keessjeeën, Peggy Haag an André Heinen, presentéiert ginn, deen duerch de Keeserevisor Claude Hornick bestätegt gouf. D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keesebericht per Acclamatioun ugeholl an d’Keesereviseuren, Guy Grosber a Claude Hornick fir e weidert Joer bestätegt. Am Comité ännert sech näischt. E wichtege Punkt war och nach déi nei asbl Statuten. Den André Heinen huet hei zou Explikatioune ginn, an esou sinn déi nei Statuten, vun deenen zwou Museken, ugeholl ginn. Verschidde Membere kruten eng Medaile. UGDA. Médaille en argent : De Cilia Jean, Mérite en vermeille: Angel Marc. Aner Medaile ware schonn um Wanterconcert iwwerreecht ginn. Mat engem Éierewäin ass dës Generalversammlung Ofgeschloss ginn. Weider Infoe vu Concerten a Fotoen op www.fofa.lu