Op Invitatioun hin vun der Stauséigemeng konnt Gesondheetsministesch Martine Deprez e Mëttwoch de 25.09.24 zu Noutem beim Spatenstich vum neie Centre médical bäiwunnen.
Op der Kaunerefer Strooss, no um Schumann's Eck ass en ideale Standort fir datt d'Bierger aus enger méi ländlecher Gemeng déi selwecht medezinesch Versuergung offréiert kréien, wéi eben och déijéineg an dem méi stättesche Raum. Et ass nit selbstverständlech, sou de Buergermeeschter Marco Koeune weider, datt eng Gemeng sou een héijen Invest, vun iwwert 8 Milliounen Euro an dem Sënn investéiert. Stauséigemeng zielt em di 2.300 Awunner op enger Fläch vun 48,50 km2, dat si 47 Awunner pro km2. An trotzdeem ass och eng Apdikt mat ageplangt, déi nieft de Cabinete fir Generalisten, Labo a Spezialisten sou e Centre médical ofronnen.
Mme Ministesch ënnersträicht hire moralesche Support, och am Hibléck fir d'Implantatioun vu Generalisten ze fërderen, a freet sech well op d'Aweiung vum Gebai, dessen Funktionalitéit vum Architektebüro Hoffmann virgestallt gouf.
Marco Koeune, Buergermeeschter vun der Stauséigemeng