De Buergermeeschter Marco Koeune a Begleedung vu sengen zwee Schäffe Francis Schon a Carole Bück souwéi de Conseilleren Nico Majerus a Patrick Tock, sinn der Madamm Marguerit Bock den 23. Oktober 2024 fir hiren 90. Gebuertsdag am Altersheem zu Klierf wënsche gaang. D’Jubilarin krut e Blummenarrangement an e klenge Stammbam vum Här René Daubenfeld opgestallt, souwéi eng Kopie vun hirem Hochzäitsakt, iwwerreecht.
D’Madamm Bock gouf de 15. Juli 1934 zu Aasselbuer gebuer wou si mat hiren Elteren, dem Bock Joseph Pierre, Bauer zu Aasselbuer an d’Hoffmann Madeleine och vun Aasselbuer mat hieren 9 Geschwëster (6 Bouwen a 4 Meedercher) opgewuess ass.
Als Kand huet si den 2. Weltkrich erlieft a kann sech nach gutt drun erënneren, besonnesch un d’Ardennenoffensiv am Wanter 1944/45. Vill geschafft ass och um Bauerenhaff ginn. Villes wor Handaarbecht um Feld an am Stall.
Den 30. Mäerz 1959 huet si dem Här Peiffer René vu Kauneref d’Jo-Wuert ginn. Zesummen hunn si 4 Kanner kritt, an zwar 4 Bouwen: den Théo, de Pierre, den Armand Michel an de Robert.
90 Joer a Villes erlieft. Freed a Leed louchen dacks ganz enk beieneen. Um Wee zum 100. Gebuertsdag wënscht de Schäfferot am Numm vum Gemengerot der Madame Bock nach vill schéi Momenter bei gudder Gesondheet am Krees vun hirer Famill.