1monthfree

APEMH - Summerfest um Escher Nossbierg

14
juin
14 juin

đŸ“·

D’APEMH freet sech Iech op hiert traditionellt Summerfest um Nossbierg ze invitĂ©ieren, dat dĂ«st Joer Samschdes, de 14. Juni vun 11 bis 18 Auer stattfĂ«nnt.


Programm vum Dag


- 11:00 – 14:00  |  Rallye mat verschidde Sportsatelieren accessibel fir JIDDEREEN, organisĂ©iert vu Special Olympics LĂ«tzebuerg

- 11:00 – 14:45  |  OptrĂ«tter vu verschidde Museksgruppen an Talent-Show vun „Nossbierg sucht das Super-Talent”

15:00 – 18:00 DISCOTISME, eng Disco fir JIDDEREEN, organisĂ©iert vun Autisme Luxembourg a.s.b.l.

- De ganzen Dag iwwer Iessen, Gedrénks, Kreativatelieren fir Grouss a Kleng, VerkafsstÀnn, Tombola, a villes méi



Och dĂ«st Joer fĂ«nnt eist Fest Ă«nnert dem Motto „Green Events” statt.


Follgend Mesurë sëtze mir dofir ëm:

regional, lokal a biologescht Iessen a GedrĂ©nks: GemĂ©is aus dem Lampecher Gaart, Fleesch aus den Ateliere vun der APEMH. Mir bidden och vegetaresch Plat’en un

d’Benotze vu Mehrwegbesteck a – bechere fir d’Iessen an d‘GedrĂ©nks

Flyeren, Tombolaslousen, Zerwéiten aus recycléiertem Pobeier

eng bewosst Offalltrennung

Verzicht op Verdeele vun Einweg- Gadgete vun eise Partner a Sponsoren un eis Visiteuren

d’Erreechbarkeet vun eisem Fest mam Ă«ffentlechen Transport mam Bus N°5 vun der Escher Gare (www.mobilitĂ©it.lu) an d’OrganisĂ©iere vun enger Navette vum Parking Aloyse Meyer (hannert dem Cactus Lalleng um Boulevard Aloyse Meyer) vun 10:30-18:45 Auer

Dekoratioun hiergestallt an eisen Atelieren

BrĂ©ngt Är eege Kierf mat, fir Är Akeef an Är TombolasgewĂ«nn


Adress: 1A, route de Rumelange | L-4309 Esch-sur-Alzette (Plan d’accùs)


Wann dir eis wëllt mat engem Don ënnerstëtzen, da kënnt dir dat gÀren hei maachen: FAIRE UN DON


Flyer – APEMH Summerfest 2025