55. Konveniat vun den fréieren Ackerbauschüler Promotioun 1951 bis 1953
Brouch: Trei hirer Devise, sech zesummen mat hiren jeweiligen Partner fir den 55. Konveniat op en neis ze treffen, konnten di fréier Ackerbauschüler Promotioun 1951 bis 1953 mat hire jeweiligen Partner, op Aluedung vum Eugène Lommel an Gilbert Muller den 9. Oktober e flotten Dag mateneen verbrëngen. Nom Apéritif huet di sympthatisch Gesellschaft sech den gudde Menü am Restaurant Gust Bausch zu Brouch och gut schmaache geloos. An enger Gedenkminute aus och un di verstuerwe Schoulkomeroden geduecht gin an duerno ass a flotter Ambiance esou muenches aus der demoliger Schoulzäit, dem aktiven a passiven Berufsliewen erzielt gin. Natirlich konnt och jiddereen sech di schéi Fotoen e Berichter vun denen vergaangene Joeren mat vill Interessi bewonneren. Ganz séier sin di puer Stonnen wi am Fluch vergaangen an beim Abschid waren sech all averstaanen esou engt Treffen dat nächst Joer ze widderhuelen. (CR) (Foto: Charles Reiser)