Konscht mat gläich 6 Kënschtlerinnen am Centre Edward Steichen zu Béiweng


Béiweng: Dese Weekend ass de centre culturel zu Béiweng schéi gefëllt mat Molereien vu gläich 6 Kënschtlerinnen. Ganz vielfältig sin di ronn 50 wonnerbar Wierker, réaliséiert mat ënnerschidlichen Techniken, Collagen an Acryl op Toile, déi vun de Kënschtlerinnen Patrizia Cassone, Annette Guyot, Ramonde Holz, Marie- Paule Ludovicy, Linda Pater an Pascale Seyler wärend 4 Deeg an der schéiner Galerie ausgestallt sin. Ganz abstrakt sin hei Biller mat Landschaften, Déieren a Personagen ze bewonneren. An onregelméissigen Ofstänn vun ongeféier dräi Joer, weisen dem Pascale Seyler seng Schüler, wat hat hinnen un der Konscht vum Molen bäibruecht huet. D’Ausstellung mat fräiem Entrée am centre culturel Edward Steichen, 2, rue de Bettembourg zu Béiweng ass op vu Freides, den 18. bis sonndes, den 20. Oktober 2024 vun 14 bis 18 Auer op .D’Vernissagefeier ass haut , Donnescheden, den 17. Oktober um 19 Auer. Häerzlich Wëllkomm. Et ass der Wert kucken ze kommen. (CR) (Foto: Charles Reiser) (Op der Foto feelt Pascale Seyler ).