Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg - Generalversammlung

Statutenännerung an Éierungen bei der Chorale Municipale « Sängerfreed » Bettembourg

Et war di 105. Generalversammlung vun der Chorale Municipale Sängerfreed Bettembourg déi viru kurzem am Festsall vum Beetebuerger Schlass ofgehale gouf. Als éischt sinn d’Statuten, déi dem neien asbl Gesetz ugepasst gi sinn, vun der Versammlung ugeholl ginn.

De Programm vun der leschter Saison war gutt gefëllt. Ausser den alljährleche Concerten den 2. Advent a Schlassconcert am Summer war et Telesmass zu Beetebuerg, en Dicksowend zu Altwies an e Singing-Dinner zu Hünchereng.

Et sinn 83 aktiv Memberen ageschriwwen an et ware 44 Prouwen am leschte Veräinsjoer. E klenge Kado fir de beschte Prouwebesuch kruten di Dammen Nicole Fastro, Annette Michels a Josiane Reiffenberg.

Et goufe geéiert, Azzeri Fränz, Ballarini Christiane a Majerus Jean fir 5 Joer Aktivitéit, Heck-Gilson Claudine 10 Joer, Laures Jean-Marie a Sliepen-Brachmond Georgette 40 Joer an Tosseng Liane 50 Joer.

Nët méi am Komitee ass d’Sylvie Laures-Aelbrecht, si bleiwt awer Archivarin. De Kommitee fir di nei Saison gesäit folgendermoossen aus: Präsident Lucien Einsweiler, 1. Vizepräsidentin Jill Hoscheid-Weber, Sekretärin an 2. Vizepräsidentin Jeanny Kettel, Keessjee Roger Hennico, Memberen Mariette Graas-Wealer, Maggy Krause-Stoos, Marc Mackel, Jean Majerus, Josiane Poeckes-Origer, Monique Roesgen-Dohm, Dirigentin Nancy Back-Kelsen. Als nächst um Programm ass den traditionelle Concert Spirituel den 8. Dezember 2024 zu Beetebuerg an der Dekanatskierch.