De Fieldgen spent 33.460 Euro


Den 10.Dezember 2011 hat d'Ecole Privée Fieldgen e Chrëschtbasar organiséiert. Dank dem Asaz vu Schülerinnen, Professeren, Frënn an den zahlräiche Besucher ass eng grouss Zomme erakomm: 33.460 Euro. Dëst gëtt un d'ONG Vatelot an un "Aide à l'enfance de l'Inde" gespent. Directrice Soeur Danièle seet am Numm vun allen Villmools Merci an ass richteg zefridden mat dëser héiger Zomme.