D'ROUSEKRANZ-PRËSSESSIOUN ... eng alstater Traditioun déi verschwonnen ass ...


De 26. Juni 1626 huet de Grof J.-Ch. de Schomberg, Nokommen vum Jean de Strassen (ëm 1408), an der Méchelskierch déi éischt Mass zu Éiere vun der Rousekranz-Kinnigin gestëft.


Wéi d’Dominikaner no der Zerstéierung vun hirem Klouschter am Clausenerbierg an d'Uewerstad geplënnert sin, kruten se d'Méchelskierch als Porkierch zougewisen, déi si bis 1795 behalen hunn. Hieren Afloss an der Uewerstad gouf esou grouss, datt d'Méchelskierch nach haut am Volleksmond "ze Dominikaner" bezeechent gëtt.


Schon 1661 hu si op der Südsäit ënnert der Méchelskierch, am haitegen Gaard vum Paschtoueschhaus laanscht de „Rampart“, "zehn Schritt von der Festungsmauer entfernt" eng eege Rousekranzkapell gebaut; eng schmuel Gaass, d‘“Niederstegasse“ huet sech vun der Schlassbréck bis an de Brédewee erstreckt tëscht der Kapell an der Kierch. De Grondsteen vun dëser Kapell gouf den 23. Juli 1661 geluech. Eng Stengeplack op der Südfront vum fréiere Paschtoueschhaus, dem haitege Sëtz vum Comité Alstad, erënnert un d'Plaz wou fréier d'Rosekranzkapell stoung.


Am Dezember 1683 stoung de Maréchal Créqui fir déi zweete Kéier virun de Festungsmaueren. Während de Chrëschtdeeg hun d'Fransousen 6.000

Bommen op d'Festung geflun, a schreckleche Schued ugeriicht. Wéi dou d'Rosekranzkapell dem Artilnleriefeier zum Affer gefall ass, wor d‘Léift an d’Andacht fir d’Rousekranzgebied schon déif am Vollek verankert.


Déi jährlech Rousekranzprëssessioun ass schon deemols duerch d'Stroosse vun der Uewerstad gezun. Nodeems d’Fransousen d‘Stad de 4. Juni 1684 haaten, hunn déi franséisch Festungsingenieuren dem Dominikaner-Prior matgedeelt, si kéinten d'Kierch neess opriichten mat der Konditioun datt den östlechen Deel, deen am meeschten erausstong ( de Chouer, dat éischt Gewöllewfeld an d‘Rousekranzkapell) ofgerapt géifen.


An der Rouskapell, déi 1661 erbaut gouf, wor de Sëtz vun der Rousekranz-Brudderschaft. Déi franséisch Revolutiounstruppen, déi d'Dominikaner aus dem Land verdriwwen an d’Kierch saekulariséiert haten, konnten déi déif Wuerzelen vun der Rousekranz-Andacht nët aus den Häerzer vum Vollek reissen.


Nom Ofschloss vum Konkordat (15. Juli 1801 – rechtskräfteg a Kraaft getrueden den 18. Abrëll 1802), goufen d'Kierchen no an no der kathoulescher Kierch zréckgin.


Ageweiht gouf d‘Méchelskierch de 7. Mee 1803 "au bruit du canon et de la musique" (Merjai). 1834 ass dou ugefang gin, de fréieren Reftektorium vun den Dominikaner als Säiteschëff der fréierer Kierch als nei Rousekranzkapell unzeglidderen, wou de Rousekranzaltor am Renaissancestil, mat iwwer dem Tabernakel enger perspektiwesch ugedeiter Nisch mat der aus engem eenzege Stéck Holz geschnëtzter Statue vun der Rousekranzkinnigin. Am Bou doniewent hängt och zënter der Restauréirung vun der Méchelskierch 1963, dat alt Rousekranzbild aus fréieren Zäiten, dat d’Tréischterin an engem Kranz vu Rousen duerstellt an de Prënz vu Chimay deen virun hier knéit.


Déi opgeléiste Rousekranz-Brudderschaft gouf 1844 ënner dem Bëschof Laurent nei gegrënnt an zënterhier ass d‘ neess all Joer duerch Clausen an de Pafendall gezunn. Trotz Verbuet vun der Gestapo sinn déi fromm Lëtzebuerger zu Dausenden op Rousekranzsonndeg, den traditionelle Wee vun der Prëssessioun duerch Faubourg’en gaang an hu gebiet.


Leider ass och déi traditionnell Rousekranzprëssessioun 1993/1994 ënnert dem Paschtouer Jos. Morn ëmgeäanert gin an ass nëmme méi von „Dominikaner“, op kuerzem Wee, bis an d’Kathedral gaang.