100. GEBUERTSDAG VUM JULIEN HOFFMANN (31.05.1924 - 06.06.2007)

PROGRAMM VUN DEN ANNIVERSAIRES-FEIERLECHKEETEN


Freideg 31. Mee 2024 :

Editioun vun engem Commémoratiouns-Timber an Éischtdaagsstempel

am Shop vu Postphilately.


Sonndeg 2. Juni 2024 :


Blummennidderleeung um Graaf vum Julien Hoffmann um Nikloskierfech duerch d'Memberen vum Comité Alstad.


11 Auer an der Méchelskierch um Fëschmaart - Gedenkmass fir de Julien Hoffmann , gesongen vum Ensembel „Les Amis du chant“ ennert der Leedung vum François Theis an dem Laurent Felten op der Uergel, mat religiéisen Kompositiounen vum Julien Hoffmann a Wierker aus dem Répertoire vu „Jong Lëtzebuerg“.


Dënschdeg 11. Juni 2024 :


20 Auer am Cercel op der Place d’Armes - „Concert - Anniversaire" ënnert dem Patronage vun der Stad Lëtzebuerg mat profane Wierker an Arrangementer vum Julien Hoffmann a Wierker aus dem Répertoire vu „Jong Lëtzebuerg“, présentéiert vum Ensembel „Les Amis du chant“ ënnert der Leedung vum François Theis, mat der Sopranistin Stephanie Schlink an der Pianistin Lynn Orazi.


Entrée : 30 € - Reservatioun : Billeterie Nationale – Luxembourgticket . Tel. 47 08 95 1

Email : info@luxembourgticket.lu