Familljekierch Wilwerdang

Terminer 2024-2025


Wann d'Equip Familljenierch zur Familljemass op Wilwerdang invitéiert, da kommen d'Famillje va Leetem bis Ëlwen a va Bënzelt bis Beeslék zesamen fir Gottesdéngscht ze feieren. D'Kanner setzen an der éischter Réi. D'Evangelium gëtt vun de Kanner mat engem klénge Szenenspill duergestallt. D'Kanner aus der Katechet liesen, sangen a bieden. De Paschtouer Michel Meyer fënnt ëmmer rëm eng flott Geschicht oder ee flotte Sproch fir de Kanner d'Evangelium méi no ze bréngen. De flotte Gesang gëtt vun der Kannerchouer Adesso, vum portugisesche Chouer Canto dos Anjos a vun der Wilwerdanger Chorale Sainte Cécile iwwerholl.


Fir d'Schulljoer 2024-25 plangt d'Par Elwen-Wäiswampich des Terminer fir Kanner a Familljen :

Samsdig, den 12. Oktober 2024 ass ëm 19.00 Auer eng Familljemass mat enger Liichterprozessioun zu Wilwerdang.

Samsdig, den 9. November 2024 ass ëm 17.00 Auer d'Martinsfeier mat engem Cortège hannert dem St. Martin zu Päerd mat de Lampionen zu Wäiswampich am Zelt.

Sonndeg, den 15. Dezember 2024 ass em 10.15 Auer eng Familljemass zu Wilwerdang.

Sonndeg, den 2. Februar 2025 ass ëm 9.00 Auer eng Familljemass zu Wilwerdang.

Sonndeg, den 30. Mäerz 2025 ass ëm 10.15 Auer eng Familljemass zu Wilwerdang.

Karfregdeg, den 18. Abrëll 2025 ass ëm 17.00 Auer ee Kräizwee fir Familljen zu Wilwerdang.

Sonndeg, den 25. Mee 2025 ass ëm 10.15 Auer eng Familljemass zu Wilwerdang.

Sonndeg, den 6. Juli 2025 ass ëm 10.15 Auer eng Familljemass zu Wilwerdang.


Jidfer Interesséierten ass wëllkomm bei desen Terminer dobäi ze sin:)