Trauerwee bei Mercedes-Benz Club Lëtzebuerg

De 6. Juni 2024 huet de Mercedes-Benz Club Lëtzebuerg, d'Associatioun Trauerwee ageluede fir e Virtrag iwwert Thema Trauer ze halen. D'Simone Thill ass op Trauer bei de Kanner an de Jugendlechen agaangen, wat Trauer mat enger Famill mécht a wéi dëse Prozess bei all Mënsch ganz individuell ass. Dono ass sie op d'Aarbecht vum Trauerwee agangen, dee souwuel d'Begleedung vun de Familljen ugeet, wéi och de Volet vun der Formatioun an der Sensibilisatioun.


Bei dëser Geleeënheet huet de Mercedes-Benz Club e Scheck vun 3.000 Euro un d'Associatioun iwwerreecht. Dono ass bei engem ganz agreabelen a sympathesche Patt nach diskutéiert ginn.