Am Kader vun hirer Assemblée Générale hunn d'Mammejongen den 22. Mäerz 2025 op Hesper invitéiert. No der Präsentatioun vun hirem President Cédric Raguet, hunn si der asbl Trauerwee e Scheck an Héicht vun 22.000 Euro iwwerreecht. Mir sinn onendlech dankbar iwwert de Support dee mir schonn e puer Joer vun de Mammejongen kréien. Hiert Ziel ass et esou vill wéi méiglech Spenden ze sammelen an esou dem gudden Zweck zoukommen ze loossen. Niewent villen aneren Aktivitéiten, hunn si lëscht Joer d'Oktoberfest zu Hesper erëm opliewe gelooss. Vill Energie, Asaz an Zäit geet drop. Awer duerch hir Zesummenaarbecht a Kollegialitéit weisen si wéi vill ka beweegt gi wa Mënschen sech fir de gudden Zweck asetzen. Mir sinn zudéifst dankbar fir hiert Engagement.