D’Lëtzebuerger Sprooch als Bréck fir d’Integratioun

D’Lëtzebuerger Sprooch als Bréck fir d’Integratioun

Ofschloss vum Lëtzebuerger Cours mat Diplom Iwerreechung


Viru kuerzem huet de Veiner Schefferot op eng kleng Rezeptioun op d’Gemeng invitéiert, fir bei dëser Gëleeënheet 28 auslännesche Matbierger hiren Zertifikat ze iwwerreechen als Unerkennung fir hir Bedeeligung um gratis offréierte Lëtzebuerger Cours.


Vun Abrëll bis Juli hu Matbierger aus Portugal, Wäissrussland, Russland, der Belsch, Holland, Italien, Spuenien, Roumänien, Eritrea, Tanzania, Cameroun, der Tscheschischer Republik, Afghanistan, Palästina a Syrien un engem Cours deelgeholl fir d’Lëtzebuerger Sproch schwätzen ze léieren. De Cours gouf am Bénévolat vun der fréierer Buergermeeschtesch Gaby Heger gehalen.


Den 1. Scheffe Pol Petry huet de Leit zu hirem Courage an hirer Ausdauer gratuléiert. Hien huet ënnerstrach wéi wichteg d’Landessprooch fir d’Integratioun an engem frieme Land ass. Land a Leit verstoen a sech ausdrécke kënnen erliichtert d’Zesummeschaffen am Beruffsliewen an an der Veräinswelt. D’Lëtzebuerger Sprooch soll fir d’auslännesch Matbierger eng Bréck duerstellen an deem Land, dat si als zweet Heemecht gewielt hunn.


Nodeems den onbezuelbaren Engagement vum Gaby Heger am soziale a kulturelle Beräich déitlech vum Pol Petry erfirgestrach gouf, kruten d’Schüler hiren Zertifikat an d’Enseignante e Bouquet Blummen iwwerreecht.


Gemeng Veianen