1monthfree

GESCHICHTE VUM DUERF: EN ABLÉCK AN D'LIEWENSGESCHICHTEN AUS DER VERGAANGENHEET

De LEADER-Projet Geschichte vum Duerf huet et sech zur Aufgab gemaach, d’Liewensgeschichte vun 12 verschiddene Persounen ze dokumentéieren, déi virun 1950 an der LEADER-Regioun Zentrum Westen gebuer goufen. Mat vill Engagement a Passioun gouf dësen eenzegaartege Projet realiséiert, fir d’Erzielungen aus fréierer Zäit fir zukünfteg Generatiounen zougänglech ze maachen. Et war eng Geleeënheet, eng Bréck tëscht de Generatiounen ze schloen an déi kulturell Identitéit vun der Regioun ze stäerken.

D’Projetsiddi koum vun der Kultrun asbl, déi déi verschidde Lieweserfarungen, Weisheeten, Emotiounen an Erënnerunge vun dësen Zäitzeien deele wollte fir sou eng prägend Zäit net a Vergiessenheet geroden ze loossen.

Am Kader vum Projet goufen déi gesammelt Geschichten an engem franséische Buch Tranches de vie - Portraits de villageois vum Jean Portante & Pit Wagner zesummegefaasst, dat gläichzäiteg och als Audiodateien opgeholl gouf.


D’Buch ass an de Librairien am Land erhältlech, a fir all déi, déi d’Geschichten nolauschtere wëllen, stinn se op der Internetsäit www.kultrun.lu zur Verfügung. Esou gouf och sécher gestallt, datt d’Geschichten iwwer ënnerschiddlech Medien an Zukunft erreechbar bleiwen.


No bal engem Joer gëtt de Projet elo nach eng Kéier an de Mëttelpunkt geréckt. D’Verlag Éditions Phi huet kierzlech eng nei Editioun vum Buch erausginn – dës Kéier op Lëtzebuergesch: Aus dem Duerf – Liewensgeschichten. Dëst neit Buch ass och an de Librairien ze fannen an erlaabt et, nach emol an déi déifgräifend Erzielunge vun de Participanten an eiser Mammesprooch an ze tauchen. Dëst bitt net nëmme Leit, déi méi mat der lëtzebuergescher Sprooch vertraut sinn, eng nei Perspektiv, mä dréit och zu enger méi grousser Valoriséierung vun der lëtzebuergescher Literatur bäi. D’Geschichten aus dem lëtzebuergesche Buch goufen dobäi vu follgende Schrëftsteller noerzielt: Marie-Paule Greisch, Marc Bonert a Jean Nehrenhausen.


De LEADER-Projet Geschichte vum Duerf weist, wéi wichteg et ass, d’Erzielungen aus der Vergaangenheet ze bewahren an ze deelen. Esou Projeten droen dozou bei, d’kulturellt Ierwen an d’Gesiichter vun der Geschicht lieweg ze halen. Et ass eng schéin Ureegung fir all déi, déi sech mat eiser Vergaangenheet befaassen, an eng Erënnerung un d’Bedeitung vun eiser kollektiver Geschicht.


Gräift zou a loosst iech vun de Geschichte vum Duerf inspiréieren, egal ob duerch déi geschriwwe Wierder oder déi erzielten Téin.


D’LEADER Zentrum Westen Team