Am Kader vun der Fondation EME hirem 15. Gebuertsdag gouf mat der Ënnerstëtzung vum LEADER Zentrum Westen de Projet All Together an d’Liewe geruff. Zil vun dësem Projet war et Inklusioun an Diversitéit ze fërderen an d’Awunner aus de verschiddenen Regioune vum Land duerch d’Musek zesummenzebréngen.
An der LEADER-Regioun Zentrum Westen gouf een inklusive Chouer gegrënnt, deen ënnert professioneller Leedung vum Theresia Birngruber Lidder astudéiert huet, déi den 30. Mee zu Käerch am Schlass opgefouert goufen. Den Interêt un dësem Ofschlossconcert war esou grouss, dass de Concert am Käercher Schlass méi ewéi komplett ausgebucht war!
D’Begeeschterung bei den eenzelnen Participanten esou wéi beim gesamte Publik war därmoosse grouss, jiddereen huet mat gefeiert a mat gesong. Mat Aussoen ewéi “Dee Moment zesumme mat dësem onbeschreifleche Chouer huet mech immens erfëllt a glécklech gemaach!” kann ee ganz kloer soen dass de Chouer esou wéi de Concert e vollen Erfolleg waren!
Mam Concert zu Käerch war et awer net gedoe, e gemeinsame groussen Ofschlossconcert zesumme mat deenen anere Chéier, huet de 6. Juli an der Stad op der Kinnekswiss stattfonnt. An och an Zukunft wäert dir sécherlech nach d’Méiglechkeet hunn, an de Genoss vun dëse wonnerbare Stëmmen ze kommen oder vläicht souguer selwer matzesangen, bleift also dobäi a freet iech op alles wat nach kënnt.
D’LEADER Zentrum Westen Team
© Fotoen: Fondation EME, Sebastien Grebille, LEADER Zentrum Westen