Elterevereenegung vun der Albert Wingert Schoul zitt Bilan

De Romain Blum huet ënnerstrach, datt een d’Kommunikatioun tëschent deene verschiddenen Akteuren (Léierpersonal, Schüler, Elteren, Ministère a Gemeng) nach verbessere muss. D’Elterevereenegung sollt eng Plattform si wou Elteren sech austausche kënne fir esou eng Kontinuitéit bei den Elterevertrieder ze garantéieren. Leider ass et schwéier „nei“ a „jonk“ Elteren dovun ze iwwerzeegen am Comité matzeschaffen. Den Ament huet d' Elterevereenegung vun der Albert Wingert Schoul 40 Memberen.

De Gérard Thill huet den Aktivitéitsbericht fir Schouljoer 2013/2014 virgeluecht an och de Keessebericht presentéiert.
Während der Versammlung ass ee Scheck an héicht vun 1 200 Euro iwwerreecht ginn.
D’ Nadine Bettendorf huet am Numm vun der Schoul Merci gesot an matgedeelt, datt dat Geld benotzt gëtt fir an didaktescht Material ze investéieren.
De Paul Weimerskirch felicitéiert d’ESAW fir hir Engagement an fir hir Aktivitéiten. Hien verséchert, datt d’ESAW och an Zukunft op d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng ziele kann.

Geplangten Aktivitéite fir d’Schouljoer 2014/2015:
- 15/12/2014 d’ESAW hëlleft um Chrëschtmaart vun der Schoul
- wahrscheinlech freides den 18. September ass dat 6. Rentréesfest geplangt
- eventuell aner Aktivitéiten am Laf vum Schouljoer

De Comité setzt sech zesummen aus: Romain Blum (President), Gérard Thill (Sekretär a Keessier), Guy Steichen an Yves Antony (Keessereviseur).