Wettrutschen an der Réidener Schwämm

Op Initiative vun de Responsabele vun de Réidener Schwämm huet 2024 di 1. National Meeschterschaft am Wettrutschen zu Lëtzebuerg statt fonnt; dëst an Zesummenaarbecht mat de Schwämme vu Stroossen, Parc Housen, Colmer-Bierg, Miersch a Niederanven.

Samschdes moies, den 13. Juli war di grouss Final an der Réidener Schwämm, wou fir d'éischt moies di lokal Qualifikatioun an deenen 3 Alterskategorien (7-12 Joer ; 13-18 Joer an 18+) gerutscht ginn ass, iert dann nomëttes di 3 Éischt vun alle bedeelegten Schwämmen an der grousser Finall géinteneen ugetruede sinn, woubäi d’Schlussgewënner Julien Poos, Alexi Wentzel a Yul Kettenmeyer mat flotte Präisser belount goufen.

Insgesamt eng cool a reusséiert Aktioun vun deene verschiddenen Schwämmen, déi Loscht op weider Synergien tëscht deenen eenzelnen Etablissementer mécht.