Bike4all - vum Waarkdall bis an de Sauerdall

Eng gréisser Neierung gouf et bei der 2024 er Editioun vum Bike4all, wat de verlängerte Parcours ugaang ass, a wou net manner ewéi 6 Gemenge matgemaach hunn, déi eng ofwiesslungsräich Streck vun Dellen bis op Méchela proposéiert hunn. Bei schéinem Hierschtwieder hunn sech vill Cyclisten dës Chance net entgoe gelooss, a konnten di flott Landschaft vum Wëlle Westen bis an d’Eisléck duerch de Waark-a Sauerdall autofräi genéissen. Moies huet keen aneren ewéi de Frank Schleck eng Randonnée ugefouert, an am Nomëtteg konnten di couragéiert Cyclisten sech mam Luc um Climbing Challenge vun der Turelbaach erop op Dellen moossen. Vun der Kiermes zu Mäerzeg iwwert d'Duerffest zu Dellen bis hin zu Concerten zu Waarken an zu Welschent war fir Iessen a Gedrénks, an och fir di néideg Animatioun fir Grouss a Kléng laascht d’Streck beschtens gesuergt.