Scheckiwwerreechung vun de Fraen a Mamme Gemeng Réiden.

No der Mass fir all liewend a verstuerwe Membere vun de Fraen a Mammen

um 18.30 Auer an der Parkierch zu Réiden as dunn Generalversammlung an der Aula zu Réiden ofgehale fir op d’Joer 2023 zeréckzekucken.

D’Presidentin Martine Lallemand-Wio huet d’Invitéë begréisst; d’Vertrieder vun der Gemeng, den Här Buergermeeschter Henri Gerekens, souwéi déi éischt Cheffin Madamm Danielle Arend. Madamm Joke de Kroon, Vizepresidentin vun der ACFL Lëtzebuerg. Madamm Marie-Claire Rasqué Presidentin vun de Fraen a Mamme Par Atertdall Sainte-Claire, a Regionalvertriederin vun der ACFL, d’Éierepresidentin Madamm Rosa Pletschette-Wolter, vum Nidderpallener Gesank Madamm an den Här Claudine a Freddy Sangers-Majerus, esou wéi den Här Deche Jean-Jacques Flammang S.C.J.

D’Presidentin ass och gläichzäiteg d’Sekretärin vum Veräin an huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an d'Caissière Sonja Mores de Keesebericht. Erfir ze sträichen ass, dat vun 2002 bis 2023 d'Fraen a Mammen aus der Gemeng Réiden Spende vu 70.000€ gemaach hunn. Fir 2024 sinn eng Rei Aktivitéite virgesinn.

No laange Joren, huet de Kommitee sech mat der Madamm Marie-Paule Schaus vergréissert, esou dass de Kommitee erëm aus 4 Leit besteet.

Den Aumônier, de Pater Jean-Jacques Flammang S.C.J., huet ënnerstrach wéi wäertvoll d’Arbiicht vun de Fraen a Mammen ass, an dass Don’e maache grouss geschriwwe gëtt.

Vizepresidentin vun der ACFL, esou wéi och Gemeng hu Merci gesot.

D'Presidentin Martine Lallemand-Wio huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en häerzleche Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung..

Och wann dat lëscht Joer keng grouss Einnamen do waren, ass dunn ee Schéck vun 2.500€ iwwerreecht ginn un “Pëtze baue fir Madagaskar” mat Erklärunge vun hirer Aarbecht op der Plaz. Dëse Projet ass jo och Solidaritéitsaktioun vun der ACFL vun 2023-2025. E läit der ACFL Réiden aus der Par Atertdall besonnesch um Häerz, well d’Häerz-Jesu Patere vu Clairefontaine Initiator vum Projet sinn. De Pater Jean-Jacques Flammang huet sech ganz häerzlechst bedankt, a sot, mat deene Sue kéint ee vill Guddes maachen.

Bei engem gudde Pättchen a Kuch ass den Owend ausklénge gelooss ginn.