Den 17. November hat d’Foulschter Musik op hirt traditionnelt Wëllschwäiniessen invitéiert. Ewéi all Joer, huet d’Foulschter Musik, ënnert der Regie vum « Neie Kachmann vun Niderpallen» d’Iessen gekaacht an zerwéiert. Iwwer 200 Leit koumen an de Genoss vum Wëllschwäinsragout mat senge Bäilagen. Och fir déi , déi kee Wëld- oder vegetarisch iessen, war gesuergt. Do gouf et vegetarisch Lasagne a Judd mat Gaardebounen. Och den Dessertsbuffet ass erfir ze hiewen. Vun – bis, Kuch, Taart Mousse asw stong zur Auswiel. Wann et Iech geschmaacht hat, da sot et weider, a notéiert Iech dat nächst Wëllschwäiniessen, den 16. November 2025.