Réiden/Atert: Et war fir dest Joer di éischt gemeinsam Gebuertsdaagsfeier Mëtt Maërz am festlich gerëschtem Festsall vum Home pour personnes agées St. François zu Réiden/Atert. An engem neien schéinen Kader konnten di 22 Pensionären vun de Méint Dezember, Januar a Februar mat hiren Familjen, di allerbëscht Glëckwënsch vum Home- Direkter Dany Oestreicher zesummen mat sengem Personal, entgéint huelen. Hinnen ass och e klenge Kado als Unerkënnung iwerreecht gin. Natirlich huet engt gut Stéck vum groussen Kuch mat enger Taass Kaffi bei desem Event och nit gefeelt. De gut gefëllten Teller mat engem Glas Crémant huet de Jubilaren mat hiren Familjen um groussen Dësch och bäschtens geschmaacht. Fir gut Stëmmung huet den Entertainer Jeannot Conter mat flotter Danzmusik de ganzen Nommëtten bäschtens gesuergt. D’Jubilaren vum Mount Dezember: Brigitte Feyen-Scharlé (67 Joer), Jeanne Marie Berchem- Lefort (85), Maria Lucienne Binsfeld- Peiffer (87), Aloyse Theischen (94), Gast Wald (88), Aline Colas-Kieffer (80), Emil Peller (96), Lucie Bechtold-Wohl (97) an Vivane Schiltz (67). Mount Januar: Anne Meis- Koscher (88), Angèle Karger- Thein (87), Pierette Mersch- Rach (92), Joseph Pletschette (92), Maria Rausch- Wallig (81) an Roger Fischer (92). Mount Februar: Viviane Tissen (81), Clemy Salentiny- Wirth (91), Sr. Benedicta (81), Elise Clesen-Theisen (93), Léonie Schoder- Tintinger (94), Résie Reisen (86) an Maria Brack-Muller (88). (CR) (Foto: Charles Reiser)