1monthfree

Musik Gemeng Bauschelt, Gala 2025 bei vollem Haus


Bauschelt: Och dest Joer war et fir di Bauschelter Musik eng besonnesch Freed bei vollem Haus an der Kierch vu Bauschelt villen Musikliebhaber bei hirem dësjährigen Galaconcert e puer angenehmer Stonnen ënnert der Direktioun vun hirem Chef Pierre Schyns ze bidden. E flotten Programm konnt d’Moderatorin vum Owend, Isabelle Neu ukënnegen, wou bekannt a manner bekannt Melodien vu verschiddenen Komponisten an Arrangeuren vun der Bauschelter Musik zur Opféierung koumen. Am éischten Deel vun insgesamt 9 Musikstécker war de „The Baron of Dedem“, als Einleitung, duerno gong et ënnert aanerem weider mat „Ebony Fantasy “mat der Solistin Zoé Jakobs op senger Clarinette , „Hermitage“ bis hin zur wonnerbarer Melodie „Highland Cathedral“. Zum zweeten Deel vum Owend war et wie „No Time to Die“, „First Suite in Eb“ „The Typewriter“, e witzigst Stéck mam Jang Wio op der Schréiwmaschin “ .Mat engem flotte Potpourri vu franséischen Chansons „ Vive la France“ , déi och vum ganzen Orchester mat vill Applaus honoréiert goufen hun zum offizielle Musikprogramm vun desem Joer gehéiert. No denen vun engem dankbaren Publikum gefuerdeten Zugaben war et um President Arny Jakobs fir sengen Musikanten mat hirem Chef an der Moderatorin säin oprichtigen Merci auszespriechen an dobéi seng besonnesch Freed nei Musikanten an Musikantinnen an de Reihen vun der Bauschelter Musik häerzlich wëllkomm ze heeschen. Och fir de Publikum mat alle Gönner a Sponsoren, dem Abbé Marco Wehles, zesummen mat dem Supporterclub an der Gemengeverwaltung gouf et vill Luew an Unerkennung fir hir Presenz an Ënnerstëtzung. Ganz houffrig war d’Sally Eiffes, dat säin neien Hautbois vum Supporterclub konnt an Empfank huelen . Bei flottem Zesummesin am Festsall huet de Galaconcert vun der Bauschelter Musik säin würdigen Ofschloss fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)