Schoulsak-Aktioun 2024

Schoulsak-Aktioun 2024

1.-25.7.2024


Aarm Kanner an Ost-Europa (Albanien) brauchen 1 Schoulsak / Rucksak (a guddem Zoustand) mat Schoulmaterial fir an d’Schoul ze goen:

- 3 Hefter (normal Häisercher)

- Lineal a Schéier

- Molbuch

- (nei) Schachtel mat 4 Bläistëfter, Gummi an 2 Bic’er

- nei Stëfter an Holzfaarwen Spëtzer


An och: Mutz, Schal, Händschen, waarm Strëmp, e Kuscheldéier, eng kleng Spillsaach,

1 Tut Kamellen an 1 Zännbischt mat Zähnseef.


Dir kënnt all Aarten vu Schoulmaterial op de Sammelplazen ofginn.

Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplaatzen ofzeginn, fir Schoulsäck vun eis fëllen ze loossen oder een Don fir d’Transportkäschten ze maachen.

Ausserdeem sammele mir zou Olm Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys, Kannerkleeder a waarm Decken. Alles w.e.g an engem properen a gudden Zoustand. Well de Kamion just nach zou Olm oplued, biede mir Iech all déi Saachen direkt do ofzeginn. Villmools Merci fir Ärt Verständnis an Entgéintkommen.


KANNER AN FAMILLJENHËLLEF ASBL (Siège social)

CCPPLLULL LU61 1111 7038 8755 0000

Tel: 661 309 320


SAMMELPLAZ:

Viviane an Charel ELSEN-FELTUS

12, rue um Lehm

L7596 Reckange/Mersch

Tel: 32 75 42 / Email: elsench8@pt.lu