Chrëschtdags-Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen 1.11. -20.11.24


Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen a Rumänien an Ukrain 1.- 20.11.2024

Gratis Këschten kritt Dir op de Sammelplazen / an de Kierche vun Ärem Porverband vum 1. November un.

D'Këschte mussen all d‘selwecht gefëllt si mat folgende Saachen:

- 1kg Zocker, 250g Kaffi am Pack, 2 Vitaminbrausetabletten

- 1kg Miel 250g, Back-Kakao, Kichelcher

- 1kg Räis, Friichtentéi, Kamellen

- 1kg Spaghetti, 500g Margarine, 400g Schockela

- 3 Päck Bouillonscuben, 2 Fëschkonserven, Chrëschtdagskaart

- 4 Päck Zoppen à 4 Telleren, 1kg Schmull (semoule de blé)


Gitt dës gefëllte Këschte w.e.g. virum 20. November 2024 op de Sammelplazen of.

Dir hutt awer och d'Méiglechkeet fir Geld op de Sammelplazen ofzeginn fir Këschte vun eis fëllen ze loossen Zou Olm an zu Recken sammele mir ausserdeem Kannerspillsaachen, Veloen, Babybettercher mat Matratz a Gedecks, komplett Kannerkutschen, Buggys a waarm Decken. Well de Kamion just nach zou Olm oplued, biede mir Iech all déi Saachen direkt do ofzeginn.

Villmools Merci fir Ärt Verständnis an Entgéintkommen.


Spende fir d'Transportkäschten vun dëser Aktioun oder fir rumänesch Kannerheemer mat der entspriechender Mentioun w.e.g. op folgende Konto:


CCPLLULL LU61 1111 7038 8755 0000

KANNER AN FAMILLJENHËLLEF A.S.B.L.

Sammelplaaz

Viviane a Charel ELSEN-FELTUS

12, rue um Lehm

L-7596 Reckange/Mersch

Email : elsench8@pt.lu

Tel: 32 75 42 (Repondeur ass och meiglech)