Elise Schank- Karels huet hiren 90. Gebuertsdag gefeiert


Feelen: Als di eelst Duechter vu sechs Kanner gouf d’Elise Karels den 6. Juni 1934 gebuer. Hir Elteren waren den Léon Karels an d’Régine Schmit vu Mertzig. Den 18. August 1956 gouf Hochzäit gefeiert mam Jos Schank vun Nidderfeelen den bis zu senger Pensioun op der Goodyear zu Colmer- Bierg geschafft huet. Zesummen mat hiren zwéi Jongen hun sie an hirem Haus zu Nidderfeelen gewunnt. No an no huet sech d‘Famill Schank- Karels ëm zwee Enkel- an enger Urenkelin vergréissert. Leider ass hire Mann, Jos, den 10. Juli 2012 verstuerwen, esou dat d’Jubilarin säit September 2022 am Servior „Geenzebléi“ zu Wolz gut versuergt gett. An hirem aktive Liewen zu Feelen war d’Elise Schank- Karels, ausser der Chorale och nach am CTF Feelen an och am lokalen Spuerveräin aktiv. Hiren groussen Hobby war de Gaard an dann natirlich och d’Bitzen. Mam Hond spazéieren, Kachen a Bâcken war eng och eng vun hiren Leidenschaften. Zesummen mat der Famill ass am Servior Wolz bei engem deftigem Festmenü gefeiert gin an op weider gesond an zefridden Joeren geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)