Standing Ovations fir ee gelongene Gala Concert

De 27. Abrëll huet d’Mierscher Musek op hire Gala Concert an d’Mierscher Kulturhaus agelueden, dee ganz ënnert dem Motto “Let’s Dance” stoung. Den Ufank huet traditionell dee scho gutt etabléierte Jugendensembel ënnert der Leedung vum Ben Brosius gemaach. Mat Morris Dance Tunes, Prairie Dance an dat aus de Pop Charts bekannte Lidd Dance Monkey vun der australescher Grupp Tones and I wosst d’Jugend de Publikum ze begeeschteren.


Den Uschloss huet dunn déi grouss Musek gemaach. De Concert ass ageleet gi mat Festmusik der Stadt Wien, enger festlecher Ouverture, déi deemools an Éisträich ëmmer am Ufank vu Baler gespillt gouf. Extrem bekannt sinn an deem Land och déi vill Walze vum Johann Strauss Sohn, déi a Strauss Bonbons zu engem flotte Medley zesumme gesat goufen. Fir d’Nolauschterer un d’Danzen ze kréien, huet d’Mierscher Musek, ënnert der Leedung vum Ben Brosius, dunn dem Alfred Reed seng bekannte Second Suite for Band opgefouert, ee 4-Deeler aus südamerikaneschen Dänz.


Virun der Paus hu Vertrieder vun der Wonschkutsch Asbl hire Projet virgestallt, wou schwéierkranke Leit hire leschte Wonsch erfëllt gëtt. D’Mierscher Musek huet d’Quête vun deem Owend zu Gonschte vun dëser Associatioun gemaach.


No enger wuelverdéngter Paus waren d’Leit verwonnert wéi si an de Gäng lénks a riets vum Concertssall Trompettisten an Trombonniste stoe gesinn hunn. Dëst war Deel vun Echoes of San Marco, engem Stéck vum Johan de Meij, deen heidran déi verschidden Echoen aus der imposanter Kathedral vu San Marco zu Venedeg vertount huet. Mä net nëmme Mënsche kënnen danzen, wat d’Mierscher Musek mat Waltzing Cat vum Leroy Anderson bewisen huet. Mat Sing, Sing, Sing vum Benny Godman ass et du richteg schmasseg ginn an eis zwee Solisten, den Henri Nimax op der Trompett an de Marc Feller op der Klarinett, hunn hiert Kënnen ënner Beweis gestallt. Mat Jailhouse Rock vum Elvis Presley an Dancing Queen vun ABBA ass de Concert op en Enn gaang ouni de Publikum net mat der enger oder anerer Zugab Heem goen ze loossen. D’Mierscher Musek krut mat vill Applaus a Standing Ovations de Merci vum Publikum fir ee gelongene Concert.