D’Mierscher Musek spent 3.000 Euro fir ee gudden Zweck

De Kommitee vun der Mierscher Musek hat déi grouss Freed ee Scheck an Héicht vun 3.000 Euro un d’Wonschkutsch Asbl ze iwwerreechen. Dësen Don ass den Erléis vum Gala Concert, deen de 27. Abrëll am Mierscher Kulturhaus statt fonnt huet. An der Paus vum Concert hunn déi Responsabel vun der Associatioun de villen Auditeuren de Projet Wonschkutsch virgestallt, Projet bei deem schwéierkranke Leit hire leschte Wonsch erfëllt gëtt.


D’Mierscher Musek seet all hire Sympathisanten an Donateuren ee grousse Merci fir hier Generositéit.