1monthfree

Exposition Mooler Kutter zu Medernach

30
Aug
2024
30 Aug 31 Aug 01 Sep

Léif Leit,

Den 1. September hu mir hei zu Medernach all Ursaach fir ze féieren. Et ass nämlech déi 35. Kéier dat mir déi regional Produkter an de Vierdergrond stellen.

De Roby Probst a seng Equipe hat viru 35 Joer schonn d’ Wichtegkeet vun de lokalen Produkter erkannt. Deemools wéi haut goufen bäi eis an der Gemeng d’Produzenten vun regionalen Liewensmëttel an den Vierdergrond gesat.

Fir dëst würdeg ze féieren, hu mer amplaz vun engem Gebuertsdagskuch eng wonnerschéin Ausstellung mat Wierker vum bescht bekannte Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter zesumme gestallt. D’ Famill Kutter, déi an eiser Gemeng wunnt, huet des „aner Ausstellung vum Moler Kutter“ erméiglecht andeems si eis hier Biller zur Verfügung gestallt hunn.

De Vernissage vun dëser aussergewéinlecher Ausstellung as Freides den 30. August um 19.00 Auer am Gebai vun der Gemeng zu Medernach, 18 rue de Larochette.

Aus organisatoreschen Grënn froe mer, dass der Iech um contact@medernach.info umellt.

Duerno ass d‘ Ausstellung nach den 31. August an den Dag vum Stroossemaart vun 10:00 bis 18:00 Auer op.

Mir wiere frou wa mer Iech um Vernissage an/oder um Stroossemaart kéinte begréissen.

Am Numm vum SIT Aerenzdallgemeng

Pit Friederes, President

www.medernach.info