Table-ronde mat EU-Politiker am Mamer Lycée

E Méindeg, den 3. Mäerz war am Mamer Lycée fir all Schüler vun 2e an 12e eng prominent besaten Table ronde zum Thema Europapolitik an Europawahlen, mat de Politiker Charles Goerens (DP), Claude Turmes (Gréng), Mady Delvaux (LSAP), Georges Bach (CSV) a Marc Goergen (Piratepartei). No engem kuerze Statement vun all Politiker goufe Froe gestallt, iwert den Afloss vu Lëtzebuerg an Europa, iwert d'EU-Skepsis, iwert d'Situatioun an der Ukraine asw. D'Table-ronde gouf organiséiert vun de Professeren vum Fach "Education a la citoyenneté", an Zesummenaarbecht mam "Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman".