Mamer Lycée: Comenius-Meeting zu Grudziadz (PL)
Vum 29. September bis de 4. Oktober huet eng Delegatioun aus dem LJBM un engem internationale Comenius-Meeting zu Grudziadz a Polen deelgeholl, zesumme mat Schüler a Proffen aus Däitschland, Spuenien an der Belsch. Dest Treffe war am Kader vum Comenius-Projet “School against racism – Music for mutual respect”. Fir de Mamer Lycée ware mat derbäi: d'Kim Evers (10PS1), de Filipe Trigo (10PS1), d'Linda Lang (11PS1) an d'Sandy Bessa (T2GC3). Si goufe begleedt vun de Professere Patrick Schmitz a Christian Cornette.