Generalversammlung vu „Koplescht – fréier an hott“
Op der Generalversammlung vun der Asbl Koplescht – fréier an hott hunn de Yo Cestroni an de Marc „Coco“ Faber un de Kopleschter Rockfestival erënnert, deen d’Briddeler Jugendhaus 1984 déi éischte Kéier am Kopleschter Wiertspesch organiséiert hat. Déi zwee Museksfrënn hu vun der eemoleger Ambiance deemools gezielt, awer och vun de villen Erfarungen, déi si a jonke Jore konnten bei der Organisatioun maachen. Gruppe wéi Nazz Nazz mam Thierry van Werveke sinn opgetrueden, de Serge Tonnar an den Enrico Lunghi waren zu Koplescht. De Succès gouf ëmmer méi grouss. Amplaz no Museker fir en Optrëtt ze sichen hu sech Museksgruppe gemellt, fir matzemaachen. De Festival ass iergendwann op zwee Owender opgedeelt ginn, d’Organisatioun ass méi professionell ginn. Den Héichpunkt war 1993 den Optrëtt vun der däitscher Band Passport mam Klaus Doldinger (Titelmusek vun der Tatort-Serie an dem Film Das Boot, Filmmusek vun Die unendliche Geschichte). Mat Hëllef vum SNJ ass eng Live-CD opgeholl ginn, een Novum zu Lëtzebuerg. Déi lescht Oplag vum Kopleschter Rockfestival war 1997.
De Yo Cestroni huet vun all Festival eng Onmass Erënnerunge versuergt, wéi Zeitungsartikelen, T-Shirten, Museksbänner, Plakater oder Flyeren. Vill Fotoe goufe gewisen, Musek vun deemools gouf virgespillt. Dat huet d’Vertrieder vum haitege Jugendhaus staark intresséiert, a si hunn dem Yo an dem Coco vill Froe gestallt. Wéi géif haut wuel ee Rockfestival an der Kopleschter Gemeng ausgesinn, natierlech organiséiert vum Jugendhaus?
D’Statute vum Veräin Koplescht – fréier an hott goufen op der Generalversammlung un dat neit Asbl-Gesetz ugepasst. Héichpunkt wat d’Virstellung vun der Nummer 33 vun der Heftrei „fréier & hott“, an där ënnert anerem den neien Trëppeltour KO1 duerch den ënneschte Mamerdall am Detail virgestallt gëtt. Am Heft bléckt de Veräin och kuerz op déi laangjäreg Buergermeeschtesch Josette Steichen-Rausch (1934–2024) zréck.
De Veräin huet ronn 340 Memberen a wäert dëst Joer een Trëppeltour, eng Ausstellung an en Ausfluch matorganiséieren. Weider Aktivitéite sinn de Projet Historesch gesinn vun der Uni Lëtzebuerg an d’Ariichte vum Veräinsarchiv.
Weider Informatiounen ginn et ënner www.koplescht-bridel.lu.