Generalversammlung Gëtzener Fotofrënn


E Freideg, den 20. Januar hun d’Gëtzener Fotofrënn hir Generalversammlung ofgehalen, fir d’éischt Kéier an de neie Reimlechkeeten zu Giewel. A sénger Begréissungsried huet de Präsident bemierkt dass daat vergaangent Joer mat vill Optimismus ugefaangen huet, nom Plënneren am Abrëll ë bëssi méi lues gelaaf ass well d’Aarbechten an de Reimlechkeeten och nët esou richtig viru gongen, an d’Aktivitéiten spéidstens am Hierscht awer voll lassgekluecht hun wéi den Aktivitéitsrapport vum Sekretär sollt ënermolen. De Präsident huet duerno och schon ee Bléck op 2012 gehäit : Dën 13. Januar wor eng Entrevue mat der Madame Buergermeeschter an hiren 2 Schäffen wou a kierzester Zäit vill Punkten duerchdiskutéiert goufen, a Léisungen fonnt goufen. Zousätzlech feiert de Club 2012 séng 25 Joer, an do sin e puer Aktivitéite méi ageplangt.

Nom Virdroen duerch de Sekretär vun engem gudd gefëllten Aktivitéitsrapport wor ët un der Reih vum Keesserapport. D’Joer 2011 huet mat engem Verloscht ofgeschloss, daat bedéngt duerch Investitiounen a Material fir déi nei Reimlechkeeten. All Rapport’en goufen no Unhéieren vun der Kontrollkommissioun ugeholl. D’Cotisatiounen sin op Propose vum Comité vun der Versammlung op 15 € festgeluegt gin. Bei de Wahlen fir de Comité gouf ët eng positiv Iwerraschung : niewt deenen 4 zréckwielbaren Memberen hun sech 2 zousätzlech Kandidaten fonnt sou dass de Comité elo aus 9 Memberen besteet waat bestëmmt nach e bessi méi Elan erabréngt.

Zum Ofschloss huet als Vertrieder vun der Gemeng de Schäffen Patrick Schmit d’Wuert ergraff an gesoot dass d’Gemeng gewëllt ass mat de Veräiner zesummen ze schaffen an se ze ënnertstëtzen wou ët geet. Fir 2012 huet hien de Gëtzener Fotofrënn vill Gléck gewönscht fir all déi Projet’en déi se sech virgeholl hun.

De Präsident huet duerno nach betount dass de Ball elo beim Veräin respektiv sénge Membere lait an domadder gouf den offiziellen Deel ofgeschloss a bei engem Pättchen nach virun diskutéiert.

De Comité setzt sech elo esou zesummen :
Präsident : Guy Konsbruck
Vize-Präsident : Marc Schneider
Sekretär : Bern Ziegler
Keessière : Betty Konsbruck-Mamer
Memberen : Ginette Arent, Marc Barthel, Gérard Roulling, Jerry Schlentz, Claudette Ziegler-Weber
Kontrollkommissioun : Romaine Barthel-Brachmann, Gaby Weis-Wies
Clubowend : all 1. an 3. Donnëschdeg am Mount zu Giewel