Gemengerots Eierung Käerch

E Sonndeg den 22. Januar haat d’Entente vun de Veräiner aus der Gemeng Käerch op d’Eierung vum Gemengerot agelueden.

Ëm 14 Auer ass de Cortège vum Schlass bei d’Haus vun der Madame Buergermeeschter gaangen wou ee Baam geplanz gouf. A sénger Begréissungsried huet de Präsident vun der Entente Luc Mangen dann erklärt waat ët mat deem geplanzte Amberbam op séch hätt.

Duerno ass de Cortège, ugefouert vun de lokale Pompjéen an der Fanfare a gefollegt vun de gewielte Vertrieder souwéi de Vertrieder vu Veräiner, dem Personal vun der Gemeng an de Bierger aus der Gemeng Käerch, an de Festsall gaang. Hei huet d’Fanfare ee klenge Concert gespillt an de Gesang e puer lëschteg Lidder zum Beschte gin iert de Luc Mangen d’Wuert ergraff huet a kuerz erkläert huet waat eng Gemeng ass a waat d’Missioun vun hiere gewielte Vertrieder ass. No enger Gedenkminute zu Eieren vum 2008 verstuerwene Conseiller Marcel Flammang kruten dun d’Membere vum virechte Gemengerot an déi elo gewielte Vertrieder sou wéi hier Liewenspartner ee klenge Kado iwerreecht.

D’Wuert gong duerno un d’Madame Buergermeeschter Pia Flammang-Risch, déi betount huet dass sie frou ass déi éischt Fra an dësem Amt an der Gemeng Käerch ze sin, an dass d’Politik an hierer Famill ëmmer präsent wor : souwuel hire Papp wéi och hiere verstuerwene Mann woren am Gemengerot. Merci soot d’Madame Buergermeeschter der Entente fir d’Organisatioun vun däer Feier, an d’Veräiner am allgemengen huet sie an hire Gemengerot wëlles beschtméiglechst ze ënnerstëtzen, well ee Veräin gehéiert zum Duerfliewen. Hier Equipe wëllt versichen deene Käercher Bierger hier Liewensqualitéit ze erhalen oder nach ze verbesseren. Duerno huet d’Gemeng op een Eierepatt agelueden deen sech a gudder Ambiance bis an den fréien Owend eragezun huet.

Fotostreck vun de Gëtzener Fotofrënn