Héinescht: Scheckiwwerreechung van de Frauen a Mammen Héinescht

Scheckiwwerreechung

Frauen a Mammen van Héinescht-Fëschbich a Kaalber weise sech solidarisch

Am Kader van engem gemütlichen Nomëttig am Centre Culturel van Héinescht hann d’Frauen a Mammen 3 Schecken aan 3 verschidden Organisatiounen iwwerreecht.

E Scheck van 5.000 € gung aan d’Fondatioun Autisme va Munzen. No enger Porte ouverte am September 2023 zu Munzen, gouf direkt décidéiert, dass een Deel van dem Erléis vam Bazar aan dës Organisatioun geet fir hir onnermiddlich a schwéier Aarbicht mat de Kranken. Datt gespente Geld gëtt an d’Erweiderung an d’Renovatioun van hirem Gaart an hirem therapeutische Bauerenhaff investéiert.

E weidere Scheck van 1.000 € gung aan den Abbé Benjamin NKembo fir seng Heemichtspôr St Cyrill zu Kinshasa, wu dringend Schullmaterial gebraucht gëtt.

Den drëtte Scheck van 3.000 € wor fir d’ATP (Association d’Aide par le travail thérapeutique pour personnes psychotiques) fir hiren Haff Ditgesbaach. Dës Sue giän a Projekter agesatt fir déi sozial Rehabilitatioun van dëse Leit.

Déi gespente Sue stammen aus dem Adventsbazar a va villen anneren Eventer, wou d’Frauen tätig woren. Déi Responsabel van deene verschiddenen Organisatiounen hann eis Erklärungen iwwer hir wichtig Aufgabe giän an de Nomëttig gouf mat engem goude Patt afgeschloss.