Héinescht: Scheckiwwerreechng van de Kanner aus der Catéchèse Por Cliärref

Am Kader van der Danksagungsmass zum Aafschloss van der Kateches an vam Schouljoer, honn d’Kanner aus der Por St.Benoît Cliärref zu Hengescht an der Kirrich ee Scheck van 8.000 Euro an den Abbé Benjamin NKembo iwwerreecht.

Dës Suen, zu Gonsten van der Por St. Cyrille (Kinshasa) am Kongo,sënn den Erléis van den Don’en, déi bei der Geläenheet van der 1. Kommioun gemat se giän an van der Solidaritéitsaktioun Por St. Benoît.

Den Abbé Benjamin NKembo hott sech ganz häerzlich am Nam van senger Heemechtspor St.Cyrille bedankt.

Mat engem Patt an engem gemittlichen Zesamensënn, gouf den Owend aafgeschloss.