De 27. Abrëll hat d'Foulschter Musik op hir Generalversammlung am Centre Culturel zu Foulscht invitéiert.. De President André Wio konnt Madamm Isabelle Bâlon als Vertriederin vun der Gemeng a vun der Musiksschoul , Madamm Kohnkow Patricia, als offiziell Vertriederin vun der Ugda. souwéi Dirigentin Madamm Laurence Steichen an Musikanten-innen begréissen. Entschëllegt war Madamm Myriam Binck, Buergermeeschtesch, an den Här Thill Marc, Sekretär général vun der Ugda.
De Sekretär Alain Fretz huet den Aktivitéitsbericht virgedroen, an een Ausbléck op dat lafend Joer ginn.
Duerno konnt de Keessier Fernand Ugen iwwert eng gesond finanziell Situatioun vum Veräi beriichten.
D‘Assemblée huet den Aktivitéits an de Keesebericht per acclamatioun ugeholl an d’Keesereviseuren, Lou Wio, Pascal Garçon a Jang Wio fir e weidert Joer bestätegt.
Duerno war et un der Wiel vum Kommitee. Déi austriedend Kommiteesmemberen hunn hier Kandidatur oprecht erhalen, an zwou Kandidature fir de Kommitee koumen derbäi. Si goufe vun der Assemblée bestätegt. De President, André Wio huet der Assemblée Merci gesot, fir hiert Vertrauen an de Kommitee. Och Mercie vun him, un all déi, déi mat Asaz an der Musek wéi och zum Wuel vun der Musek bäidroen.
Du war et un der Statutenupassung un dat neit Gesetz. Vun 77 stëmmberechtegte Membere waren der 65 do, respektiv per Prokuratioun vertrueden. Vun deene 65 Membere waren der 62 fir d'Statutenännerung an 3 dergéint. Et gouf keng Enthalung.
Dirigentin, Madamm Laurence Steichen huet der Jugend ee riese Merci ausgedréckt. Awer och de Memberen ewéi dem Kommitee Merci gesot, a wënscht sech dass déi positiv Ambiance am Veräi bestoe bléift.
Madamm Isabelle Bâlon huet déi beschte Wënsch vun der Gemeng iwwerbruecht, an d'Jugendaarbecht gelueft. Ee Kompliment fir Dirigentin der Madamm Laurence Steichen déi dat lescht Joer Musiken aus der Gemeng Rammerech um Kortege vum Nationalfeierdag an der Stad begleet huet an Jugendmuseken dëst Joer um Fierkelsmaart.
No der fräier Aussproch, sinn du Medaile vun der Madamm Patricia Kohnkow, Vertriederin vun der Ugda, a vun der Madamm Isabelle Bâlon, Vertriederin vun der Gemeng iwwerreecht ginn.
Insigne fir 5 Joer: Miller Emmy a Miller Lena.
Médaille de mérite en argent fir 20 Joer: MERGEN Thierry, WIO Catherine, WIO Jil.
Médaille de mérite en vermeil avec palmette :fir 40 Joer HURT Liane, CATTANI Gilbert, SCHUSTER Josiane.
Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Joer: GARCON Pascal, GARCON-WIO Claire, UNSEN Guy.
Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer : Lallemand Michel.
Madamm Patricia Kohnkow huet e positive Feed-Back vun der Ugda iwwerbruecht, an dem Veräi vill Chance an Erfolleg gewënscht.
Als Ofschloss, huet de President André Wio all Uwesend op Mëttegiessen invitéiert, dat vun engem Musikant deen och Traiteur ass, «Den neie Kachmann» vu Nidderpallen zerwéiert ginn ass.
Virum Aperitif an dem Iessen, huet Jugendmusik nach ee klenge Concert gespillt.
Hei nach e puer Donnée vum Veräin:
Ugemellt bäi der Ugda 92 Memberen; Prouwe waren et der 44; Kommiteessëtzunge 14; Altersmoyenne vun den 92 Memberen : 35 Joer; Altersmoyenne vum Kommitee : 53 Joer. Den eelste Member ass 66 Joer derbäi an dee jéngste Member 4 Méint.
Strëpp hat 9 Optrëtter.
Am Kommitee : President: WIO André, Vize-President: REISER Mariette, Sekretär: FRETZ Alain, Sekretär adjoint: WIO Laure, Keessier: UGEN Fernand, Sous-Chef : WIO Paul, Memberen: BONIFAS Paule, CRETON Roel, ESSER Lynn, LALLEMAND Michel, MERGEN Jean-Marie, MERGEN Luc, MAYER Lisa, PLETGEN Marc.
Fotoen/Text: ML