Wëllplanzesom Lëtzebuerg

Mat Vertrieder vun der 𝑾𝒆̈𝒍𝒍𝒑𝒍𝒂𝒏𝒛𝒆𝒔𝒐𝒎 𝑳𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒃𝒖𝒆𝒓𝒈 Genossenschaft, dem Ëmweltministère, dem „natur musée“, der Naturverwaltung an der Gemeng Feelen hu mir um faarweg bléienden Eisebaart-Feld vun der Famill Wagner gewisen an erkläert, wéi d’Geseems vun den heemesche Wëllplanzen aus zertifizéiertem regionalem Ubau no biologesche Krittäre produzéiert gëtt: vum Somesammelen an der Natur, iwwert d’Jongplanzen opzillen, d‘Pfleeg an d’Recolte vun der Kultur an den Tri bei der Firma Rieger-Hofmann zu den fäerdeg ofgepakte LUX-Mëschungen. Dëst gëtt z. B. benotzt fir Wise-Renaturéierungen, naturno Grénganlagen an de Gemengen, vun de Privatpersoune fir wëll Blummewisen oder vun de Bauere fir Bléisträifen unzeleeën. Op dës Manéier ginn heemesch Planzenaarten, d‘Bestëbser an aner Insekte gefërdert.


15 Produzenten hu sech um Ufank vum Joer zu enger Genossenschaft zesummegedoen mat der offizieller Grënnung an der Gemeng Feelen, fir gemeinsam d’Produktioun vum Wëllplanze-Geseems virun ze dreiwen. Elo am Summer sinn d’Felder e Bléckfang fir eis a gläichzäiteg eng wäertvoll Fudderquell fir d‘Bestëbser. Aus dem recoltéierte Geseems gi Wëllplanze-Geseemsmëschungen hiergestallt, aus deene bont bléiend Blummewisen oder Bléihflächen ugeluecht kenne ginn. D'Mëschungen enthalen nëmmen Aarten, déi zu Lëtzebuerg natierlech virkommen an d’Vilfalt vun eisen Insektenaarten ënnerstëtzen.


„𝑫𝒆 𝑷𝒓𝒐𝒋𝒆𝒕 𝒂𝒔𝒔 𝒇𝒊𝒓 𝒆𝒊𝒔 𝒂𝒍𝒔 𝒍𝒂𝒏𝒅𝒘𝒊𝒓𝒕𝒔𝒄𝒉𝒂𝒇𝒕𝒍𝒆𝒄𝒉 𝑩𝒆𝒕𝒓𝒊𝒃𝒆𝒓 𝒘𝒊𝒄𝒉𝒕𝒆𝒈, 𝒇𝒊𝒓 𝒆𝒊𝒔 𝑷𝒓𝒐𝒅𝒖𝒌𝒕𝒊𝒐𝒖𝒏 𝒛𝒆 𝒅𝒊𝒗𝒆𝒓𝒔𝒊𝒇𝒊𝒛𝒆́𝒊𝒆𝒓𝒆𝒏 𝒂𝒏 𝒅’𝑩𝒊𝒐𝒅𝒊𝒗𝒆𝒓𝒔𝒊𝒕𝒆́𝒊𝒕 𝒛𝒆 𝒆̈𝒏𝒏𝒆𝒓𝒔𝒕𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒏“, erkläert de President vun der Genossenschaft Marc Rollinger, deen och de 𝒑𝒐𝒔𝒊𝒕𝒊𝒗𝒆 𝑩𝒂̈𝒊𝒕𝒓𝒂𝒈 𝒇𝒊𝒓 𝒅’𝑮𝒆𝒔𝒆𝒍𝒍𝒔𝒄𝒉𝒂𝒇𝒕 betount.


Zesumme mam Ëmweltministère dréckt de SICONA de Produzenten an all anere Partner vum Projet e grousse Merci aus fir hire Courage a Pionéiergeescht. „𝑺𝒐𝒖 𝒌𝒆̈𝒏𝒏𝒆𝒏 𝒆𝒏𝒈 𝒍𝒂𝒏𝒅𝒘𝒊𝒓𝒕𝒔𝒄𝒉𝒂𝒇𝒕𝒍𝒆𝒄𝒉 𝑷𝒓𝒐𝒅𝒖𝒌𝒕𝒊𝒐𝒖𝒏 𝒂𝒏 𝒅𝒆 𝑵𝒂𝒕𝒖𝒓𝒔𝒄𝒉𝒖𝒕𝒛 𝑯𝒂𝒏𝒅 𝒂𝒏 𝑯𝒂𝒏𝒅 𝒈𝒐𝒆 𝒇𝒊𝒓 𝒆𝒏𝒈 𝒍𝒊𝒆𝒘𝒆𝒈 𝒂 𝒇𝒂𝒂𝒓𝒘𝒆𝒈 𝑳𝒂𝒏𝒅𝒔𝒄𝒉𝒂𝒇𝒕 𝒛𝒖 𝑳𝒆̈𝒕𝒛𝒆𝒃𝒖𝒆𝒓𝒈“, ënnersträicht d‘Nora Elvinger, Attachée de gouvernement am Ëmweltministère.