Feelen: Ugangs Dezember vum läschte Joer hun d’Schoulkanner aus dem Kuebebongert vu Feelen zesumme mat der Gemeng, der Maison Relais, den Elterevertrieder an der Feelener Musik hiren traditionellen Chrëschtmaart organiséiert. Esou konnt den Erléis vum Dag viru kuurzem am Kader vun enger Scheckiwerrreechung un eng national Vereenegung, déi sech fir e gudden Zweck asetzt , weidergeleet gin. Virun der Scheckiwerreechung vun ëmmerhin 10 534 Euro, huet d’Vertriederin vum „Trauerwee“ , Tania Alf, no hirem grousse Merci, de Kanner mat hirem Léierpersonal, d’Missioun fir hirer Vereenegung am Detail erklärt. „Trauerwee asbl“ ënnerstüetzt Kanner a Jugendlicher begleeden Sie mat dem néidigen Gefill an hirer Trauerarbicht. Gläichzäitig stin sie den Elteren zur Säit a gin hinnen Sëcherheet am Ëmgank mat de trauernden Kanner. Doriwwer hinaus hun si nach engt grousst Angebot fir Trauergruppen fir Kanner Elteren a Jugendlicher, Eenzelbegleedung, Berodung, Traumazentréiert Fachberodung, Therapie sowie eng Reih vu Fortbildungen. Dess Suen gin gebraucht, fir d‘Ausféierung vun den Aktivitéiten vum „Trauerwee“ souwi och d’Finanzéierung vu Material ze garantéieren. (CR) (Foto: Charles Reiser)