Déi Draufelter Krëppchen

Hei zu Draufelt hëllefen ech zënter Joren fir an der Kierch eng Krëppchen opzeriichten. Hei op dem Bild ass déi Draufelter ze gesinn an eist Léana war och eng éischte Kéier mat kucken. De Stall mat der Krëpp ass an enger verfallener Gebailechkeet dorgestallt. Zu Pënsch an der Porkierch wor virun en etlech Joren nach déiselwecht, déi ass awer ersat.

Ech honn mol en Tour am Éislek gemaach fir an de Kierchen d’Krëppercher ze besichen. Dobäi honn ech da festgestallt, dass zu Bauschelt, zu Kauneref an och zu Eeschpelt déiselwecht stinn. An och d’Figure sënn déiselwecht.

Déi Draufelter schéngt 1954 eng éischte Kéier hiren Déngscht gemaach ze honn.

Mat der Geschicht vom Duerf beschäftegt, géif et mech interesséieren, ween se hiergestallt hott, oder wou se hir Koumen. An der Stad war e Geschäft mat sakrale Saachen, dat war bei BERNARD-KAUFFMANN. Eventuell hott Kierchefabrick do koft, oder de „Kräizer Simmchen“ vo Beefort ass mat Krëppercher iwwert eis Dierfer gereest.

Eng änlech Krëppchen ass an der Ausstellung -Ars Krippana- ze gesinn. Do gëtt oginn, dass et sech ëm eng neobarock Krëppchen handelt, déi weit verbreet war. D’Figure wären aus Kieferholz.

D’Krëpp ass eventuell nom Modell vom bekannte Kënschtler Sebastian Osterrieder (* 19. Januar 1864 zu Abensberg; † 5. Juni 1932 zu München) hiergestallt ginn. Den Osterrieder war een däitsche Kënschtler deen als „der Mann, der die Weihnachtskrippe wieder neu entdeckte und schließlich zur Blüte brachte“ ogesinn gouf.

Wann elo nach ee méi iwwert déi Krëppercher weess, däerf en sech roueg mellen.