1monthfree

Generalversammlung von der Amicale LPL

Generalversammlung 2024 den 12.04.2025 zu Cliärref.


Bäi Geleeënheet von hirer Generalversammlung hott d'Amicale LPL (Lëtzebuerger Patriote Liga) beim Denkmal fir d’Kréichsaffer zu Cliärref Bloume néiergeloocht. De „Clairon d’honneur“, den Edmond FABER, hott déi wierdeg Gedenkzeremonie verschéinert.

Duerno hott een sech zu 26 Memberen am Restaurant „table de Clervaux“ am Hotel du Commerce ronderëm de Mëttesdësch versammelt a bei interessante Gespréicher gouf e gudde Menu zerwéiert.

Uschléissend huet de President Marc FISCHBACH déi eigentlech Generalversammlung mat der Begréissung von de Leit aus dem Comité an de Membere von der Amicale opgemaach.

Mat enger Gedenkminutt gouf on déi Membere gedoocht, déi eis am vergaangene Joer verlooss honn.

Den Aktivitéitsrapport vom Sekretär Nico THILL hott e Réckbléck op déi verschidde Gedenkfeieren an awer och déi traditionell Aktivitéite vom Joer gemaach. Ënnert anerem war zu Ueschdref eng Feier ogesoot fir on de Resistenzler Théodore LESCH, den deemolege Paschtouer vo Wäicherdang, ze erënneren.

Bedéngt duerch dës Aktivitéit hott de Finanzbericht vum Keessjee Pierre HUSS e klenge Mali ausgewisen, deen domat och von de Kontrolleure fir gutt geheescht gouf.


De Membersbäitrag fir d'Joer 2026 bleift bei 10 Euros pro Persoun.


Well de Quorum von de Präsenzen net ganz erfëllt war ass no enger klenger Paus dann eng ausseruerdentlech Generalversammlung ofgehale ginn. Dobäi goufen déi aktuell Statute von der Amicale, eestëmmeg on d'Gesetz iwwert d'ASBL vom 7. August 2023 ogepasst.