Sängerbond & friends meet movies

Samsdes 2.12 ëm 20.00 Auer

Sonndes 3.12 ëm 17.00 Auer

Festsall LCD, av. de la Gare Dikrech


Wann ee Filmmusek héiert, kommen engem direkt d’Melodien aus senge Lieblingsfilmer an de Kapp. Am Bekanntesten sinn ouni Zweifel di grouss Orchesterwierker, déi eegens fir d’Filmer geschriwwe goufen. De Chouer spillt mol eng méi oder manner grouss Roll. Dofir huet eisen Dirigent Andy Loor decidéiert all Facette vu Gesangsstëmmen am Film ze weisen an huet verschidde Stécker fir dëse Concert extra arrangéiert.

Fir dëse flotte Projet, huet d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech sech Verstierkung gesicht. Ënnert dem Motto “Sängerbond & Friends” an zesumme matt engem Orchester, ginn deen Owend ënnert Aanerem Arrangementer aus“Avatar“, „Amistad“, „Pirates of the Carribean”, „Harry Potter” a „Skyfall” präsentéiert.

Loosst iech entféieren an d’Welt vu Kino & TV an iwwerraschen vun engem “neie” Sängerbond deen sech fir dëse Concert mol op een aaneren Terrain wot. Erlieft een Owend voller Gefiller, Energie a gudder Laun.


Filmorchester:

Lucie Krotilovà & Tamara Rosselet_Gei

Hannah Elgas_Viola

Tom Feltgen_Cello

Raphael Clement_Kontrabass

Valérie Delbrouck_Synthesizer

Dominique Steiner_Hautbois

Lance Weisen_Flütt

Conny Faber & Simon Nakhimovitch_Perkussioun

Joëlle Muller_Sopran

André Thill_Moderatioun

Andy Loor_Direktioun


Entrée: 25€ / 15€ Studenten / Kanner bis 12 Joër fräi / FREE SEATING

Reservatiounen:

Mail: sb.diekirch@gmail.com

Tel. 691 395 115 (17.00 – 20-00)

link https://forms.office.com/r/ECvKa6VPd3?origin=lprLink