Noël en lumière 2.0. - Ee volle Succès
to see more pictures.
Annerhalleft Joer Preparatiounen, 6 Méint Prouwen an zum Schluss 1 Woch Prouwemarathon hate sech méi wéi gelount. An enger bis op di lescht Plaz gefëllte Kierch hat d’Entente des Chorales de Diekirch mat iwwer 90 Sänger*innen ee Concert zum Beschte ginn, dee méi wéi hors cadre war.
4 Dirigenten, 3 Organisten, 1 Pianist, 1 Perkussionist, 9 Solisten aus den eegene Reien an de Blechbléiserquintett Magnifica vu Paräis hunn zesumme mam Dirigent an Arrangeur Jean-Paul Majerus gewise wat ee fäerdeg bréngt, wann een zesummen un engem Strang zitt.
Opgemaach gouf de Concert vun de Sollebutzen, déi de Public direkt an hire Bann gezunn hunn. Duerno koum deen imposante Chouer op d’Bün an huet ee Repertoire zum Beschte ginn, dee souwuel usprochsvoll wéi och ofwiesslungsräich war. Speziell di verschidde Soloeinlagen an di grandios Instrumentalstécker vum remarkabele Blechbléiserquintett Magnfica vu Paräis hunn erausgestach. Ënner der Regie vum Paul Hoffmann gouf dëse Concert nach vun engem fantastesche Liichtspektakel ofgerënnt, sou datt net nëmmen d’Ouere verwinnt goufen, mee och d‘Aen sech sat kucke konnten. Sou een aussergewéinleche Projet konnt nëmme sou gutt funktionéieren, well di 4 Veräiner Chorale Municipale Sängerbond, Cäecilieveräin, Ensemble Vocal Cantica an d’Chorale de Jeunes Solschlësselcher mat vill Spaass, Humor, Asaz an Disziplin Hand an Hand geschafft hunn. De 15. Dezember 2024 huet d’Entente des Chorales de Diekirch ville Leit en onvergiessleche Moment geschenkt an de Public an eng besënnlech Chrëschtstëmmung versat.
Fotoën © Michel Logeling