Noël en lumière 2.0.

15
Dec
15 Dec

Aussergewéinleche Concert:

Noël en lumière 2.0


No deem groussen Erfolleg 2017, freet sech d’Entente vun den Dikricher Chéier Iech de 15.12.2024 um 17 Auer an der Parkierch vun Dikrech op eng nei Editioun vun engem aussergewéinleche Concert z’invitéieren. Noël en lumières 2.0.


Déi véier lokal Chorallen (Chorale Municipale Sängerbond, Chorale Ste Cécile, Ensemble Vocal Cantica et Ensemble de Jeunes Dikricher Solschlësselcher), presentéieren e grousse Concert mat engem villfältege Chrëschtrepertoire. Begleet vum Blechbléiserquintett Magnifica vu Paräis wäerten des Amateur- a Profikënschtler een onvergiesslecht Musekserliefnes schafen, dat Harmonie a Virtuositéit vereenegt.

Niewent de Chéier a Blechbléiser huelen eis Solisten, souwéi d’Organisten a Pianiste Maurice Clement, Joé Lahos, Jos Majerus a Christophe Nanquette un dëser musikalescher Feier deel. Och si wärten de Concert matt hirem Talent beräicheren. Dat Ganzt steet ënnert der Leedung vun eise Cheffen Paul Lallemand, Andy Loor, Jean-Paul Majerus, Raymond Majerus a Maike Wendt.


Wéi de Numm vum Concert „Noël en lumière“ et well ukënnegt, gëtt fir dësen Owend d’Kierch mat spektakuläre Liichteffekter a Szen gesat. Dës kënschtleresch Beliichtungen, ënnert der Regie vum Paul Hoffmann wäerten eng magesch Atmosphär schafen an de Public an eng festlech Stëmmung versetzen.


Mir géngen eis freeën Iech op dësem aussergewéinlechen Owend begréissen ze dierfen, dee Musek matt Frëndschaft verbënnt an ee musikalescht Fest fir all Alter versprëcht.


Den Entrée ass 25€/ 15€ Jonker <25 Joer/ Gratis <12 Joer.

Keng Reservation / Oweskees ab 16.15 Auer

Praktesch Informatiounen :

Datum : 15.12.2024

Auerzäit : 17.00 Auer

Wou? : Dikrecher Parkierch, place Guilluame