Cruchten: Dat bei villen Veräiner haut ze Dags e Problem duerstellt, fir nei Mëmberen ze fannen, di an der Spëtzt wëlle matschaffen, ass et bei der Amiperas Sektioun Noumer glécklicher Wäis awer nit de Fall. Dräi langjährig Komiteeleit hun opgehaal a fënnef nei Memberen hun sech bereet erklärt fir an Zukunft, an der aus 82 Memberen bestehender staarker Amiperas- Sektioun, mat Hand unzeleeën. Gut besicht war d’Generalversammlung viru kuurzem am Clublokal zu Cruchten, wou d’Maria Souvigné- Muller d’Memberen am Numm vum Komitee wëllkomm geheescht huet an hinnen Merci gesoot huet fir d’Kommen an och dem Komitte fir dat gut Zesummeschaffen . No enger Gedenkminut huet d’Sekretärin Edmée Hoffmann- Gales un de groussen Télévie- Dag an verschidden aaner Aktivitéiten, Porte-ouvertes an Komiteesitzungen an internen Feieren erënnert wou och vill schéin Momenter konnten zesummen mateneen verbruecht gin, Merci ass och der Gemeng gesoot gin, fir hir Ënnerstëtzung vun der Chrëschtfeier. Den Lucien Schaus konnt eng positiv Finanzlag a Buchführung vierleeën, déi vun de Keeserevisoren Fränz Hoffmann a Jos Aubart als exakt bestätigt gouf. Um Programm fir 2025 sin folgend Aktivitéiten virgesin: Porte ouverten: 19. Mäerz, 16. Abrël, 14. Mee, den 11. Juni an den 15. Oktober. Grillfest ass den 16. Juli. Mammen- a Pappendag gëtt den 17. September gefeiert. Eng journée du Grand-Âge ass vir den 5. November virgesin an di flott Chrëschtfeier ass den 10. Dezember. An hirer Laudatio huet sech d’Sophie Diderrich als Buergermeeschter vun der Gemeng Noumer sech erfreet dat nei Memberen sech gemellt hun fir am Komitee matzeschaffen an och MERCI gesoot fir di di vill Aktivitéiten déi zum Wuel vun de Senioren am Laaf vum Joer 2024 stattfond hun. Bei den Komiteewalen waren et d’Sekretärin Edmée Hoffmann, Germaine Biren an Triny Fantin déi nit méi kandidéiert méi hun an fir hir gut Arbicht am Komitee mat eng schéiner Orchidee Merci gesoot kritt hun. Och d’Marianne Olsem, dat nit konnt derbéi sin, ass aus dem Komitee ausgetrueden. Folgend Memberen hun sech och gemellt fir an Zukunft am Komitee mam Maria Souvigné an Lucien Schaus, mat ze schaffen: Martine Fohl, Schmit Francine, Schroeder Gisèle, Schroeder Romain an Clees Pierre. Bei engem gut gefëllten Teller an enger Taass Kaffi huet dess Generalversammlung vun der Amiperas Sektioun Noumer a gudder Ambiance hirt würdigt ënn fond. (CR) (Foto: Charles Reiser)