Gléckwënsch fir d'Anita Hoffmann- Muller zum 85. Gebuertsdag


Brouch: Bei bëschter Gesondheet a mat berechtigtem Stolz konnt d‘Anita Hoffmann- Muller vu Brouch viru kuurzem hiren 85. Gebuertsdag feieren. D’Jubilarin huet den 6. November1939 als jëngst Duechter vun zwee Kanner d’Liicht vun der Welt erblëckt. Hir Elteren waren den Jean-Pierre Muller vu Sandweiler an d’Léonie Theisen vun der Horas (Préizerdaul). Den 12. Mee 1973 ass Hochzäit gefeiert gin mam Erny Hoffmann, den seng Jugendzäit bei sengen Elteren zu Rëmmercih (Préizerdaul) verbruecht huet. Aus hirem Bestiednis gongen zwéi Jongen ervier, déi d’Famill Hoffmann -Muller ëm zwéi Enkelkanner erweitert hun. Fir de Buergermeeschter Paul Mangen mat sengen zwéi Schëffen Ben Baus an Emile Splicks war et eng besonnësch Éier, fir dem Anita Hoffmann- Muller mat engem schéine Bouquet Blummen, am Numm vun der Gemeng Hëlperknapp di allerbëscht Gléckwënsch zum 85. Gebuertsdag ze iwerbrëngen mat der Hoffnung, das d’Jubilarin nach weider gesond an zefridden Joeren zesummen mat hirem Mann Erny an hirem Wunnhaus zu Brouch ka verbrëngen. Duerno ass d’Glas erhuewe gin, an op den 85. Gebuerstdag geprost gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)